Den 1. Mäerz huet den Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS zesumme mat der Gemeng Duelem op den Dag vum Bam zu Fëlschdref invitéiert. No der Begréissung duerch de Buergermeeschter Romain Kill huet de SIAS-President, Claude Marson, d’Wichtegkeet vun de Bongerten ervirgehuewen.
De Ministère fir d’Ëmwelt war duerch d’Nora Elvinger vertrueden, déi mat hiren Aussoen och wichteg Akzenter gesat huet. Am Uschloss huet de Marc Thiel vun der Biologescher Statioun SIAS op eng humorvoll an informativ Manéier erkläert, wourop een oppasse soll beim Planze vu Beem.
Motivéiert hunn d’Invitéen uschléissend zesumme 12 Kiischtebeem geplanzt, déi eng bedeitend Roll fir d’lokal Biodiversitéit an der Gemeng Duelem spillen. Als Ofschloss huet d’Gemeng Duelem op e gesellege Patt invitéiert.
E grousse Merci un all déi, déi sech Zäit geholl hunn, fir matzemaachen – an e besonnesche Merci un d’Gemeng Duelem fir hir Ënnerstëtzung bei der Organisatioun vun dësem gelongenen Dag !