Am Stéck ginn aktuell Themen zur Globaliséierung ënnert d’Lupp geholl. Nieft dem negativen Impakt vun Fräihandelsaccorde gräift d’Stéck d’Thema vun der fossiller Energiewirtschaft op. Nom Stéck bitt den Ensembel eng Diskussiouns- a Froeronn un.
De SIAS organiséiert dësen Owend zesumme mam Klima-Bündnis Lëtzebuerg, Action Solidarité Tiers Monde — ASTM an de Gemenge Conter, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter a Weiler la Tour. Weider Informatiounen zum Theaterstéck fannt Dir ënner dësem Link.
Nom Theaterstéck offréiert d’Gemeng Nidderaanwen een Éierepatt.